Alt erem en TOP Weekend fir eise Circuits-pilot, Christian FRANCK
Besser ewei den Christian ett an sengen eegenen Wieder verfaasst huet, kreien ech d'Informatiounen och net op d'Blaat, dofir hei säin Resumé vum Weekend:
"Freides as den eischten Quali gefuer gin. Eng hallef Stonn firum Start huet et ugefaang mat reenen sou dass ob Reenpneuen gestart gin as. Dei beschten Zeiten sin Enn vum Quali gefall well et liicht dresche gin as. Ech konnt dei zweet schnellsten Zeit an der Klass rausfueren, daat 0,2 sec. hannert engem Hollaenneschen Gaststarter och ob Seat Leon Supercopa ( zu menger Verteidegung: en Auto mat wesentlech mei Qualm, sequenzieller Boite asw....) Samstes fir den Quali an och d Course wor et dreschen. Hun mer doweinst och erwaart dass den Seat vum Hollaenner net ze packen as. Dei eischt Course as ouni Problemer gelaaf, an sin ob enger 12ter Plaatz am Gesamt iwert d Arrivee gefuer. 2 ten an der Klass. Dei zweete Course wor mei spannend, ganz Course iwer konnt ech mat 2 weideren Porschen kaempfen, wor oft niewendrun, allerdings ouni Gewalt wir ech net laanscht komm.
Mir wor et mei wichteg den Auto ganz ze lossen. Am General as et eng 11ten Plaatz ( 0,2sec. hannert dem Porsche) an rem 2ten an der Klass.
Mat deenen Resultater sin ech och dei 3ten Plaatz am Gesamt vun der STT"
Neit Konzept, aal Gewunneschten vum Christian... :-)
Dese Weekend ass d'STT am Kader vun der AVD 100 Meilen Course matgefuer gin. D'AVD 100 Meilen gett awer an engem aaneren Konzept gefuer, 80 Minuten Course inkl. 20 Minuten Boxestop. D.h. ett sin un sech 2 Sprint Coursen mee mat enger Ennerbriechung vun 20 Minuten Boxestop. De Boxestop huet missten zweschent der 20ter an der 40ter Minute gemaach gin. Souvill mol zum Prinzip vun der Course, zreck bei de Christian...
Sonndes Moies ass d'Qualifikatioun nach am liichten Reen gefuer gin, sou dass all Pilot op Reenpneu'en erausgefuer ass. Mat der Zäit ass d'Streck awer gedreschent an dei TopPiloten sin dei läscht 5 Minuten nach eng Keier erausgefuer fir op Slicken eng Topzäit hinzeleen! De Christian gett am Quali gudden 2ten an Klass an 16ten am General.
Sonndes um 14:00 Auer as dun d'course iwer 80 Minuten gestart gin. De Christian ass aus taktegen Grenn, relativ laang dobaussen bliwwen. An der 36ter Minute koum hien dun an d'Box. 20 Minuten laang haat dem Christian seng Crew Zäit fir ze tanken, den Copa ze checken an seng Impressiounen iwwert den Auto ze deelen. Ett goung erem eraus op d'Piste, wou hien dem Auid 80 STW, deen mat Problemer ze din haat, dei 1t Plaatz an der Klass oofgeholl huet.
De Christian hëllt dei 1t Plaatz och mat Heem, waat fin de compte bedeit dass hien d'Klass bis 3500ccm gewonnen huet
De Christian ass dese Weekend seng 2t Course an der STT um Ring gefuer. Hien konnt ewei emmer mat engem top prepareiten Auto weisen waat hien fir en Potenzial huet. Bei der eischter Course gett hien 1ten an der Classe an 13ten am General. Ett muss een awer soen, Fairplay geet fir, dass dest just meiglech wor, well den Audi 80 Turbo technesch Problemer haat. An der 2ter Manche wor desen enorm schnellen Audi och erem mat vun der Partie an de Christian haat keen einfacht Spill, waat och leider net zu sengen Gönschten ausgaangen ass. An däer Manche gett hien 2ten an der Classe an 14t am General. Aaner Piloten op mei performanten Maschinnen haaten de Christian iwwer Ronnen am Reckspiggel, wouduerch hien sech esou lues en gudde Ruff anhandelt. Duerch dei gudd Wiederkonditiounen haaten Maschinn a Pilot mat den Temperaturen ze kämpfen. Op den läschten puer Ronnen ass dem Christian opgefall, dass seng Waassertemperatur konstant mei waarm gin ass, wouropps hien dei läscht Ronnen mei "gemittlech" ugaangen ass.
Alles an Allem... en tiptopen Weekend fir de Christian an seng Crew!
Foto: Patrick HOLZER
Fir d'Cracken ennert iech, hei nach en Link iwwert de ganze Verlaaf vun der STT um RING 2012:
Allgemengen schlechten Feedback no der Eschduerfer Biergcourse
Net manner ewei !!!241 Coureuren!!! hun dozou bäigedroen, dass en Samsten schon just 2 Trainingsmontée'en meiglech woren, fir en Training ass daat jo nach vertriedbar, mee dass daat ganzt awer och esou Sonndes weider gaangen ass, domadden wollt un sech keen rechnen. Fir dei meteorologesch schlecht Verhältnisser kann een jo keen verantwortlech maachen, mee dass no all Teschenfall enorm Zäit gebraucht gin ass, fir d'Streck erem fräi ze kreien, dass d'Piloten iwwer dräi an hallef Stonn hun missten waarden fir dei 2t Manche ze attackeieren an dass ewei leider schon erwaard, just 2 Manchen gefuer gin sin. De Feedback vun Piloten an Spectateuren wor allgemeng mat schlechter Kritik geföllt. Waat den Piloten opgefall ass, dass en einfach vill ze vill Auto'en um Départ woren, waat wahrscheinlech dozou feiert, dass vill Piloten hieren Bolid d'nächst Joer fir des Biergcourse wäerten am Schapp stoen loossen, an dann no desem gefillten Weekend um "Camping", dann wierklech wäerten grillen goen.
Mee nujee, de Christian gett no desen 2 Manchen gudden 47ten am General, 1ten letzebuerger Tourenwoon (ouni Formelween wier hien den 8t schnellsten Tourenwoon). De Bob kennt op dei 88st Plaatz am General, de Claudi op dei 132st an d'Nathalie op dei 175st. D'Course ass bei hinnen allen 4 ouni Problemer oofgelaaf, eben just dass sie ewei aaner Leit och, dei schon uewen beschriwwen Problematik bestätegt hun. Ett hofft een op Verbesserung...
Zu 4 um Départ op der Course de Côte Eschdorf 2012...
Net manner ewei 4 GDMH-Coureur'en sin zu Eschduerf um Départ, de Christian op sengem Supercopa, de Claudi um Golf II 16v, d'Nathalie um Fiesta Cup an zu gudder läscht de Bob um Escort gr.4! Ett ass just ze hoffen dass d'Wieder sech endlech mol erkritt an dass dei 250 Starter dei dest Joer zu Eschduerf um Départ sin, och hier 3 Manchen könne fueren, well geschter woren just 2 Trainingsmanchen meiglech. Drecken mer hinnen d'Daumen an wenschen vill Spass...
Excellenten 3ten Fiesta gett den Equipage KELLEN / HOFFMANN desen Weekend um Rallye Wallonie 2012 an der Belge mat engem Ford Fiesta R2 vum WENGLER RACING!
Eng Poker-Ronn beim Pneu-Setup ass ett dest Joer um Wallonie gin... ass een mat Intermediates erausgefuer, wor ett fuetzdrechen, wor een op Slicks ennerwee, woren d'Strossen naass an fiicht! Eisen Equipage KELLEN / HOFFMANN ass den ganze Rallye iwwer net ALL IN gaangen. Sie haaten baal 4 Minuten avance op den 4ten Fiesta an wollten eng secher 3t Plaatz mat Heem brengen. Opwuel sie dest Joer just vereenzelt Rallyen wollte fueren, kreien sie massiv Punkten, waat fläit dozou bäidreiht, dass dest Joer awer fläit dei ganz Ford Fiesta Sporting Trophy gefuer gett...
duerch en klengen techneschen Problem ass ett ons momentan leider net meiglech Fotoen heich ze lueden! :-( Mir schaffen op heichtouren fir desen Problem esou schnell ewei meigelech ze behiewen.
Christian FRANCK um Départ vun der eischter STT zu Hockenheim...
Seng 2 Coursen sin ouni Problem iwert d'Bühn gaang. Hien ass 2x 2ten an der Classe gin hannert engem Audi 80 TURBO. Am General as et eng 13ten an eng 14ten Plaatz gin. Ett woren ganz vill Porschen an aaner schnell Autoen um Start, dei de Christian an drechenen Bedingungen net packen konnt. Waat an den STT Coursen aanescht ass par rapport zu der Saison BTCS 2011, ass dass ett jeweils nemmen nach 30 Minutten Course sin, wourauser direkt vum Départ uns Devise ass:
110 PROZENT
Am eischten Sprint huet de Christian sech en Duell mat engem Opel Vectra STW geliwwert, waat hien leider op der Arrivé mat nemmen enger Differenz vun 2,7 Sekonnen net gewonnen huet. Am 2ten Sprint huet dun missten en Porsche 997 Cup beweisen, dass hien dem Drock deen de Christian vun hannen op hien ausgeübt huet, konnt Paroli bidden. Och bei desem Duell woren ett nemmen 4 Sekonnen Ennerscheed, deen den Hollänner fir sech entscheed huet!
Waat dem Christian an deser Serie gudd gefällt, ass dass ett vum Ufank un em d'Wurscht geet, an dass ett net ewei an der BTCS mol dei eischt Hallef Stonn Pneuen geschount gin, fir duerno besser iwwert d'Ronnen ze kommen.
Fir de Christian FRANCK hätt ett nach vill mei keinten reenen, well hien wor no der eischter Manche exellenten 3ten am General! Ewei d'Stross dun awer erem mei drechen gin ass, konnt hien sech awer net mei geint Formelween duerchsetzen an gett um Schluss, 10ten am General an zweeten an senger Klass. Dem Bob KELLEN no, woren d'Conditiounen vum Weekend schwierech fir ze fueren, enorm schmierech, mee ween de Bob kennt, deen wees, dass hien sech do doheem fillt. Zum Schluss gett hien beschten Letzebuerger an senger Klass an am Grupp ACL. BERCHEMS Claude haat keng greisser Problemer de Weekend an ass bis op säin klenge Verbremser :-) eng tiptop Course gefuer. De Tom GLAESENER deen dest Joer fir d'eicht mam Golf um Depart wor, haat manner Chance an haat sech direkt am eischten Training en fatalen Verbremser erlaabt, duerch deen hien de Weekend just nach als Zuschauer mat vun der Partie wor. Nathalie HOFFMANN, ass dei ganz Saach nom Tom senger Sortie mei relax ugaangen, an ass dun och kee Risiko mei agaangen. D'Nathalie gett an senger Klass dei eischt Dame.
Hei de Link vun der Ecurie Tetelbierg, fir d'Resultater vun 2012 ze kucken:
Mat 5 Piloten / Pilotin um Départ op der Luerentzweiler Biergcourse 2012...
Och dest Joer ass d'Biergcourse zu Luerentzweiler mat baal 110 Autoen eng gudd besichten Biergcourse. Och ons Piloten an Pilotin hun dest Joer erem profiteiert fir mat deser Course an d'Biergmeeschterschaft ze starten. De Christian Franck présenteiert säin Seat Leon Supercopa dobäi an sengen neien Faarwen. Mir giffen ons freen, wann dir eis dese Weekend gifft ennerstetzen kommen, beim Versuch nei Beschtzäiten hin ze leen.
Hei nach eng Keier dei eenzel Auto'en, fir dass dir och dei richteg Leit ufeiert :-)
Ab dem 5ten Abrell 2012 ass ett elo offiziell, den Joël Dohm gett bei GDMH als neisten Member unerkannt, daat no enger laanger Proufzäit vun 24 Meint, wou hien sech huet missten diversen Aufgaben stellen, deenen nemmen dei Stärkst gewuess sin. Moralesch an physesch ass de GDMH kee Risiko agaangen, an wollt secher sin, dass den Stagiaire wierklech op engem Top Niveau ass.
Op enger vun deenen ganz seltenen Fotoen, dei während dem Joël senger Proufzäit gemaach gin ass, gesäit een, dass de Joël ett wierklech net einfach haat mam GDMH! :-)